logo

Vous êtes sur le site des colonies scolaires des écoles de la Commune de Sanem

Colonies scolaires Hiver 2025 au Montafon en Autriche: Dates importantes:

14. November 2024

Ecoles: Kannerkampus Belval + Sanem: 12.1.2025-19.1.2025

Ecoles: Belvaux-Poste / Scheuerhof / Soleuvre 2000 / Ehlerange / Chemin Rouge: 19.1.2025-26.1.2025

Réunion d'information: 4.12.2024 à 19h à l'ARTIKUSS (Soleuvre-Scheuerhof) PRESENCE OBLIGATOIRE!

Date limite pour la remise des documents d'inscription et du paiement de la participation forfaitaire de 125 €: 13.12.2024

Laterns 24 Woch 2 Dag 6 (leschten Dag!)

23. Juni 2024

Haut d'konnten d'Kanner wielen, ob si en einfachen oder ee méi schwéiere Wee goe wëllen. Dee méi schwierege war wieklech schwiereg, mee all déi Kanner, déi sech dofir entscheed haten, hu super matgehal an déi 400 Héichtemeter, déi et riicht eropgaang ass, gutt bewältegt. De Rescht vum Wee war e Genoss, och wann d' Siicht net grad déi bescht war. Deen anere Grupp huet méi ee laangen Tour gemaach, mat manner Héichtemeteren. Och bei hinnen hunn d'Kanner super matgehal. Respekt fir all déi Perfomancen!

130 Biller alles uweisen
130 Biller alles uweisen

Laterns 24 Woch 2 Dag 5

22. Juni 2024

Haut hu mer dat bescht aus de Wiederprevisioune gemaach. Et ass e flotten Tour dobäi erauskomm, dee mer mam Sessellift ugefaang hunn. Wéi mer eréischt kuerz beim JuFa zréck waren, huet et ugefaang ze reenen.

193 Biller alles uweisen
193 Biller alles uweisen

Laterns 24 Woch 2 Dag 4

21. Juni 2024

Haut war d'Wieder "net esou gutt". Dofir si mer op Feldkirch gefuer an d'Kanner konnte sech Souveniren oder aner Saache kafen. D'Wieder mécht eis och déi nächst Deeg e besse Kappzerbrieches  Mer maachen dat Bescht draus!

92 Biller alles uweisen
92 Biller alles uweisen

Haut kënnt kee Film.

Laterns 24 Woch 2 Dag 3

21. Juni 2024

Haut hate mer e relaxen Tour. E puer Kanner waren awer net ze bremsen. Mat deenen si mer ze Fouss bis bei de JuFa getrëppelt, déi aner hunn de Bus geholl. Den Owend hate mer e MEGA Owend beim Grillen. D'Kanner hunn hier eegen EM gespillt an och déi net esou futballbegeeschtert hu sech gutt ameséiert. De Fakelzuch huet den Owend perfekt ofgeschloss.

178 Biller alles uweisen
178 Biller alles uweisen
©2025 Colonies Montafon • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
spacer
Bartholomäberg - Suessem

Héije Besuch am JUFA Montafon. De Steve Gierenz, Vertrieder vun der Gemeng Suessem, an de Martin Vallaster, Buergermeeschter vun der Gemeng Bartholomäberg, hunn d'Schoulkanner am JUFA Montafon besicht. Si konnte sech dovun iwwerzeegen, datt eis Schüler eng super Woch am Montafon verbréngen. Mär hoffen, datt eis Gemengevertrieder och an Zukunft eise Schoulkanner dës flott Erfarung weider erméiglechen. Eis Ekipp ass op jidfer Fall prett sech weider fir d'Wuel vun eise Schüler z'engagéieren.

MONTAFON WANTER 2025

La réunion d'information pour parents et enfants aura lieu le MERCREDI, 4 décembre  à 19.00 à l'ARTIKUSS à Soleuvre.

Traduction Orale Directe en Français.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
spacer