logo

Vous êtes sur le site des colonies scolaires des écoles de la Commune de Sanem

Montafon 24 W2 Dag 6

8. März 2024

Elo ass eis Colonie scho al eriwwer... Et geet eis alleguer gutt, d'Kanner hu sech immens gutt dru ginn. Muer ass eise leschte Skidag, jiddereen geet muer nach op d'Pist. 

60 Biller alles uweisen
60 Biller alles uweisen

Montafon 24 W2 D5

7. März 2024

Haut war d'Wieder bedeitend besser. Deementspriechend war d'Begeeschterung bei de Kanner an den Erwuessenen grouss an et ass jidferengem méi liicht gefall sech nach méi drun ze ginn. Haut war JIDDEREEN aus dem Golmi-Land eraus. Déi meescht Gruppen sinn haut blo an esouguer roud Piste gefuer. Natierlech kënnt et vir, dass mol een trëllt, mee et ass kee Kand verletzt. Nom Skifueren gouf et nach eng Erfrëschung an d'Kanner konnten am (haut richteg gudde) Schnéi spillen.

Montafon 24 W2 Dag 4

6. März 2024

D'Wieder war haut nach net top. D'Kanner sinn et awer. Déi allermeescht Kanner waren haut net nëmmen um Tellerlift, mee hunn och schon aner Piste gemaach. D'Stëmmung ass gutt. Muer wäerter mer d'Wieder an de gudde Schnéi genéissen. Als Owesprogramm konnten d'Kanner tëschen Gesellschaftsspiller an Disko wielen.

35 Biller alles uweisen
35 Biller alles uweisen

Montafon 24 W2 Dag 3

5. März 2024

Haut war d'Wieder net genial, trotzdem waren d'Kanner top-motivéiert! Vill Kanner ware schon um Tellerlift. D'Imke huet eis haut eng Yoga-Session geschenkt, no e puer klengen Ulafschwieregkeeten huet et super geklappt.

134 Biller alles uweisen
134 Biller alles uweisen

Montafon 24 W2 D2

4. März 2024

Eischten Dag op de Ski. Jidereen ass gutt drop, éischt Fortschrëtter kann ee net ofstreiden. Heisando sinn et déi Kanner mat deenen een am Mannsten rechent, déi am beschte bäihalen! Jidfereen ass motivéiert fir muer. Et ass e Genoss mat eisem Dream Team (déi Kanner, déoischo fuere kënnen) d'Pisten ze shredden!

29 Biller alles uweisen
29 Biller alles uweisen
©2025 Colonies Montafon • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
spacer
Bartholomäberg - Suessem

Héije Besuch am JUFA Montafon. De Steve Gierenz, Vertrieder vun der Gemeng Suessem, an de Martin Vallaster, Buergermeeschter vun der Gemeng Bartholomäberg, hunn d'Schoulkanner am JUFA Montafon besicht. Si konnte sech dovun iwwerzeegen, datt eis Schüler eng super Woch am Montafon verbréngen. Mär hoffen, datt eis Gemengevertrieder och an Zukunft eise Schoulkanner dës flott Erfarung weider erméiglechen. Eis Ekipp ass op jidfer Fall prett sech weider fir d'Wuel vun eise Schüler z'engagéieren.

MONTAFON WANTER 2025

La réunion d'information pour parents et enfants aura lieu le MERCREDI, 4 décembre  à 19.00 à l'ARTIKUSS à Soleuvre.

Traduction Orale Directe en Français.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
spacer