logo

Vous êtes sur le site des colonies scolaires des écoles de la Commune de Sanem

Laterns 3. Dag

7. Juli 2023

Den Dag iwwer ware mer haut an zwou Gruppen ënnerwee. Déi eng sinn op de Bierg eng Sennerei kucke gaang. Si konnten verfolgen, wéi Kéis gemaach gëtt. De Wee fir zréck war zimlech ustrengend. Déi aner sinn an den Déierepark op Feldkirch gefuer an duerno konnten d'Kanner an der Stad shoppe goen. Den Dag hu mer mat engem gemeinsame Grillfest an uschléissendem Fakelzuch ofgeschloss.

310 Biller alles uweisen
310 Biller alles uweisen

 

De Video kënnt muer no.

Laterns 2. Dag

6. Juli 2023

Haut si mer e schéinen Tour getrëppelt. Mer hunn eis no der Mëttespaus op der Spillplaz an zwou Gruppen opgedeelt. Dei eng hunn e bësse méi e laange Wee geholl, déi aner sinn deen direkte Wee erof gaang. 

262 Biller alles uweisen
262 Biller alles uweisen

Laterns! Here we are!

5. Juli 2023

Mir si no enger kuerzer Nuecht am Bus gutt ukomm. Nom Kaffi drénken si mer e klengen Tour trëppele gaang. Mer hunn et allerdings ofgekierzt, well d'Wieder net ganz matgespillt huet. Der Rescht vum Dag hu mer d'Zëmmeren ageriicht, geduscht, zu Owend giess... Mer freeën eis all op muer!

49 Biller alles uweisen
49 Biller alles uweisen

Montafon - Video

25. März 2023

Montafon - leschten Dag

11. März 2023

Eng Woch ass erëm séier eriwwer. Déi meescht Kanner sinn haut mat hire Klassekollege gefuer. Et huet de ganzen Zäit mol méi a mol manner geschneit. Den Owend war nach Disko.

52 Biller alles uweisen
52 Biller alles uweisen
©2025 Colonies Montafon • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
spacer
Bartholomäberg - Suessem

Héije Besuch am JUFA Montafon. De Steve Gierenz, Vertrieder vun der Gemeng Suessem, an de Martin Vallaster, Buergermeeschter vun der Gemeng Bartholomäberg, hunn d'Schoulkanner am JUFA Montafon besicht. Si konnte sech dovun iwwerzeegen, datt eis Schüler eng super Woch am Montafon verbréngen. Mär hoffen, datt eis Gemengevertrieder och an Zukunft eise Schoulkanner dës flott Erfarung weider erméiglechen. Eis Ekipp ass op jidfer Fall prett sech weider fir d'Wuel vun eise Schüler z'engagéieren.

MONTAFON WANTER 2025

La réunion d'information pour parents et enfants aura lieu le MERCREDI, 4 décembre  à 19.00 à l'ARTIKUSS à Soleuvre.

Traduction Orale Directe en Français.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
spacer