Am éischten Trimester hu mer de Ritter hir Kreativitéit gefërdert:
- Mir ware verschidden Theaterstécker kucken. De Kanner huet et super gefall wat si alles gesinn hunn. Si hu vill gelaacht an hunn nom Theaterstéck “Shoes” mat de Schong aus der Schoul e Poppentheater gespillt.
- Mir hu vum Kierper geschwat an dozou gebastelt.
- Mat Recycling Material baue mir all Dag an der Klass a wäerten eng Ausstellung dovunner maachen.
- Mir hu Faarwespiller gemaach an nei Moltechnike kennegeléiert.