Am 2ten Trimester gi mir all 2t Woch op de Bauerenhaff “A Schmatten” . D’Kanner si begeeschtert beim hëllefen vum Fidderen an Heemelen vun den Déieren. All déi Déieren sinn beandrockend. Mir gesinn: Kéi, Schwäin, Gänsen, Hond, Hénger, Pony, Iesel, Schof a Lämmercher, a villes méi.
Mir haten och mat der Woll gefilzt.
E puer Kanner hate sech am Dezember d’Fro gestalt vu wou d’Eeër hierkéimen a wéi e Jippelchen entsteet. Dat wäerte mer an den nächste Woche gesinn.