Haut ware mär am Fieschertal an dono an de Bazar akafen. Ab 17.00 huet et gereent. Den Owend gouf et eng mega gutt Raclette. All Kanner si nach an Topform.
Haut ware mär an den Zauberwald. D'Kanner hu gutt gespilt. Och d'Donnerwierder um Réckwee konnt eis net stoppen. Owes hunn d'Kanner an der Disco bis zum Ëmfale gedanzt! Eis geet et all gutt!
De Kanner geet et all gutt. Kee Kranken, kee Verletzten. Muer gi mär an den Zauberwald grillen a spillen.
FS_W4_D2
30. Juni 2019
Sunny Sunday. Haut war e wonnerschéinen Dag an den Alpen. Mär si vun der Fiescheralp op de Bettmersee gewandert. E kuerzen a liten Tour als Einstieg. Muer gëtt den Tour méi usprochsvoll! 😁