logo

WFiesch20W2D6

12. März 2020

Mir haten nach e schéinen Dag um Bierg. D'Wieder war gutt an d'Kanner waren alleguer um Sessellift (och wann se net all op de Fotoe sinn). Et geet hinnen alleguer gutt.

40 Biller alles uweisen
40 Biller alles uweisen

Wéinst dem Corona-Virus si mer nach am Gaang verschidden Optiounen ze anlayséieren. Esoubal mer méi wëssen, kritt der natierlech Bescheed gesot.

WFiesch20W2D5

11. März 2020

Haut war d'Sonn (op d'manst deelweis) um Rendez-Vous. D'Kanner fueren all op de Lifter, an et huet kee Kand sech verletzt. Si sinn nach ëmmer ganz motivéiert! Den Owend gouf et lecker Raclette! D'Kanner hunn un hierem Tagebuch geschriwwen.

134 Biller alles uweisen
134 Biller alles uweisen

P.s.: Mir hun bestëmmt net jidfereeen op de Fotoen oder um Video mee et geet jidfereegem gutt!

WFiesch20W2D4

10. März 2020

Et kéint een elo soen: D'Wieder war schlecht. Et huet de ganzen Dag geschneit. Mer hunn d'Sonn haut net gesinn. Et war vill Wand. Et huet ee net ganz vill gesinn. Et ware Kéip mat Schnéi op der Pist.

Mee d'Kanner soten eis: EGAL! 

An dofir ameséieren mer eis awer, ginn eis onmoosseg gutt drunn, maache riseg Fortschrëtter. Mer profitéieren vun ronn 20cm Neischnéi. D'Piste si super, wann ee mol fällt, dann fällt e mëll. Als kréinenden Ofschloss maachen mer beim Rosentirli eng riseg Schnéiballschlacht.

RESPEKT fir d'Kanner, déi sech den Dag net vun den Ëmstänn verdiewe gelooss hunn. Si sinn mega-motivéiert!

p.s. Muer kënnt d'Sonn! 

p.p.s. Mer konnten haut wéinst dem Wieder net vill Fotoe maachen.

p.p.p.s. Egal

WFiesch20W2D3

9. März 2020

Meeeega! Haut, um éischten Dag si scho Kanner op de Lift gaang. Si hun sech alleguer super druginn. Mir haten extra keen esou gutt Wieder bestallt, fir dass d'Kanner sech voll a ganz kéinte op hier Ski konzentréieren a net vun der wonnerschéiner Vue ofgelenkt ginn ?

102 Biller alles uweisen
102 Biller alles uweisen

WFiesch20W2D2

8. März 2020

Haut hu mer d'Skischung ugemooss, eis Ski kritt. Um Bierg ass de Schnéi super. Den Owend war Ski-Schung-Disko. Mir si prett fir muer Ski fueren ze goen.

83 Biller alles uweisen
83 Biller alles uweisen
©2024 Commune • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
FIESCH WANTER 2020

La réunion d'information pour parents et enfants aura lieu le MARDI 14 JANVIER 2020 à 19.00 à l'ARTIKUSS à Soleuvre.

Traduction Orale Directe en Français.

März 2024
De Do Fr Sa So
123
45678910
11121314151617
18192021222324
25262728293031
spacer