logo

Dag 5 WF10W3

21. März 2019

Haut si mer nach eng Kéier richteg gutt gefuer, d'Wieder ass nach ëmmer bombastesch! Muer ass schon de leschten Dag. Mer freeën eis fir Heem a sinn traureg, dass et scho bal eriwwer ass. Den Owend steet nach eis grouss Talentshow um Programm... Fotoe komme méi spéid am Owend, de Film vu gëschter an haut kënnt wahrscheinlech muer...

201 Biller alles uweisen
201 Biller alles uweisen

Dag4 WF19W3

20. März 2019

Jidfereen war um Lift! Gaaaanz staark vun alle Kanner. Super Wieder! Mega Stëmmung. 

123 Biller alles uweisen
123 Biller alles uweisen

Kuckt och d'Video'e vun de leschten Deeg!

Dag 3 WF19W3

19. März 2019

Haut ware mer all op de Ski. Déi meescht si scho mam Ankerlift gefuer, bei deenen aneren ass et fir muer! D'Kanner kommen immens gutt virun, och d'Skilehrer si ganz zefridden. Duerno hu mer op der Terasse Waasser an Apfelschorle gedronk an och beim Après-Ski mam Schlitt hu mer eis herrlech ameséiert.

97 Biller alles uweisen
97 Biller alles uweisen

 

p.s.: Leider waren e puer Fotoen e bëssen iwwerbeliicht...

p.p.s: Keng Panik, wann äert Kand net op enger Foto ass, mir kënne net all Dag eng Lëscht féiere, wie scho geknippst gouf a wien net...

Dag2 WF19W3

18. März 2019

Haut si mer all Ski gefuer. D'Ufänger hu grouss Fortschrëtter gemaach an déi, déi scho fuere kënnen si gutt geditzt! Nom Owesieesen hu mer nach e flotte Spillowend gemaach. Muer geet et weider!

WFiesch19 W3

17. März 2019

Mir si gutt zu Fiesch ukomm. D'Skischung hu mer de Mueren ugemooss, d'Helmer sinn ugepasst ginn. De Mëtteg ware mer e klengen Tour trëppelen. Jidfereen ass a Form. Muer geet et op de Bierg fir déi éischt Ski unzedinn an ze probéieren. Dat ass bestëmmt net einfach, mee et wäert Spaass maachen!

77 Biller alles uweisen
77 Biller alles uweisen

Méi spéid oder muer wäert och nach deen een oder anere Video nokommen... Stay tuned!

©2025 Commune • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
FIESCH WANTER 2020

La réunion d'information pour parents et enfants aura lieu le MARDI 14 JANVIER 2020 à 19.00 à l'ARTIKUSS à Soleuvre.

Traduction Orale Directe en Français.

Juli 2025
De Do Fr Sa So
123456
78910111213
14151617181920
21222324252627
28293031
spacer