Haut ware mer all op de Ski. Déi meescht si scho mam Ankerlift gefuer, bei deenen aneren ass et fir muer! D'Kanner kommen immens gutt virun, och d'Skilehrer si ganz zefridden. Duerno hu mer op der Terasse Waasser an Apfelschorle gedronk an och beim Après-Ski mam Schlitt hu mer eis herrlech ameséiert.
p.s.: Leider waren e puer Fotoen e bëssen iwwerbeliicht...
p.p.s: Keng Panik, wann äert Kand net op enger Foto ass, mir kënne net all Dag eng Lëscht féiere, wie scho geknippst gouf a wien net...