Bei schéinem Wieder si mer haut an den Zauberwald gaangen. Do konnten d'Kanner de ganzen Dag iwwer spillen a mir hunn zesummen gegrillt. Owes gouf et dunn nach eng Openair-Disco.
Haut si mer mam Postbus an de Binndall gefuer. No enger klenger Wanderung konnten d'Kanner sech an der Mineraliengrube op d'Sich no schéine Steng maachen. Owes stoubg dunn déi traditionnel Raclette um Programm.
Haut stoung dann en Ausfluch op Brig um Programm. Mam Zuch si mir dohinner gefuer an hunn d'Stockalperschlass,d'Hubbréck an d'Saltinaschlucht besicht. Duerno konnten d'Kanner shoppen. Owes goufen dunn d'Postkaarten geschriwwen.
Haut hate mer vill Donnerwierderen a mir hunn eise Programm dem Wierder ugepasst... mir hu just 2 kleng Trëppeltir am Ëmfeld vun eisem Chalet, eng Schnitzeljuegd duerch de ganze Chalet an natirlech eng Monstermegadisco gemeet.
Wolleken an e puer Reendrëpsen hunn eis net ofgehalen ee flotten Tour laanscht de Rotten (Rhône) ze maachen. Laanscht Ernen, Fürgangen, Bellwald an Niederwald si mir op Blitzingen op d'Spillplatz gaangen.