Home

UPDATE VIRLIESCONCOURS

Mir freeën eis, datt d'Noémie TRIERWEILER souwuel d'Véirelsfinall wéi och d’Halleffinall vum Virliesconcours gewonnen huet.

Doduerch hëlt hatt un der grousser nationaler Finall vum Virliesconcours 2025 den 1. Juli zu Esch am Ariston deel a vertrëtt do déi Lënster Schoul!!!

BRAVO Noémie!

Den 23. Januar hate mir d' Schoulfinall vum Virliesconcours 2025.

All Klass vum Cycle 4 huet sech am Virfeld op säi beschte Virlieser gëeenegt. 

An der Schoulfinall gouf de Gewënner vun dem gesamte Cycle 4 bestëmmt.

D'Gewënnerin vun dësem Joer ass d'Noémie Trierweiler. Gléckwënsch! 

An hei sinn e puer Impressioune vun der Virstellung.

D'Kanner aus dem 1. Schouljoer waren am Oktober Äppel plécken a Viz maachen. Mir hate vill Spaass! (Lisa, Lisa, Patricia a Laurence)

Tolles Buch - Bichervirstellung mam Tina Kemnitz

All d'Kanner aus de Cyclen 2, 3 a 4 krute jeeweils 6 Bicher virgestallt.

Fir weider Infoen kann een op www.tollesbuch.de kucke goen.

Folgend Bicher goufen dest Joer virgestallt:

Cycle 2

Cycle 3

Cycle 4

Aus der Press...

Schoulfest 2024

Mini-EM 2024

D'Klass vum Laurence a Patricia mécht "Symmetrie am Bësch"

Den 1. an den 2. Juli sinn d'Klasse vun de Joffere Lisa, Annick, Patricia a Laurence op Veianen an d'Jugendherberg gaangen. Dat wat super flott. Si hu flott Spiller am Bësch gemaach, waren d'Buerg besichtegen an owes gouf den EM-Match zesumme gekuckt.

Den 28. Juli war d'Klass vum Laurence a Patricia op den Iechternacher Séi. D'Nadine aus dem Naturmusee huet interessant Saache gewisen a flott Spiller gemaach.

De C4.2 war op Hyères - Hei e puer Andréck!

Ausfluch vum C3.2 (Klass vum Martine Emeringer)

Mir ware vum 1. bis den 2. Juli op Rëmerschen an d‘Jugendherberg. Eis Stagiaire  Liz Irthum war och mat. 

Méindes si mir op Réimesch mam Boot fuere gaang, hu Minigolf gespillt an hunn eis op enger grousser Spillplaz ameséiert. 

Dënschdes hu mir en Trëppeltour vun 9 km duerch d‘Wéngerte gemaach.  

3

Charity Run 2024

Am Kader vun eiser "Nationaler Beweegungswoch" huet déi d'Lënster Schoul een Charity Run zu Gonschte vun der "Fondatioun Kriibskrank Kanner organiséiert. De Laf war de 6. Juni 2024.

Folgende Montant gouf un d'Fondatioun kriibskrank Kanner gespend:

Andréck vun eiser Chèqueiwwerreechung mat der Mme Lydie Lentz vu "Fondatioun Kriibskrank Kanner":

Hei sinn e puer flott Videoen a Fotoen vun eisem Laf!

Sortie vum C3 am Kader vun der Beweegungswoch.

Hei si Bichervirstellunge vun de Kanner aus dem Cycle 3.2 vum Martine Emeringer. All dës Bicher kann een an eiser Schoulbibliothéik ausléinen.