logo

Sching Vakanz!

Mer wënschen all eise Schüler an hire Famillen eng sching gruuss Vakanz!

Mer geseen eis am September rem!😎

Scheckiwwerreechung - Bike4Water

Am Kader van eisen desjährigen Schullfest guff dem Luc Scholtes fir säi Projet "Bike4Water" e Scheck am Wäert van 1000€ iwwerdroën. Wegder Informatiounen zu dësen Projet fannt der ënnert dem folgende Link: https://www.bike4water.lu

Coupe scolaire - 14.06.2024

D'Kanner aus dem Cycle 4 konnten o dëst Joër rem d'Coupe scolaire fahren. Trotz dem kaale Wiädder, hatt et vill Spass gemat a mer son der Elterevereenigung MERCI fir di super Organisatioun! 😀

All eis Schüler kruten no der Coupe scolaire e klénge Kado, deen van dem Bureau d'Assurances Miltgen & Welter van der Lalux gesponsort guff. Merci dofir!☺️

An d'Gewënner van der dësjähriger Coupe scolaire sen:

Cycle 4.1:

1te Präis: VAN LAAR Pierre

2te Präis: VAN DEN BOSSCHE Tim

3te Präis: RENTMEISTER Luca

Cycle 4.2:

1te Präis: REIFF Xavier

2te Präis: MEYERS Alina

3te Präis: MOLITOR Laura

Klassechampionnat am Foussball

Während deene letzte Wochen han eis Klassen, passend zum Thema van der Foussball EM, an de Pausen géinteneen Foussball gespillt. Gestart han d'Klassen aus dem Cycle 2, dun han d'Kanner aus dem Cycle 3 géinteneen gespillt an zum Schluss dun d'Klassen aus dem Cycle 4. 

Op eisem Schullsportdag, den 23.05.2024, han di verschidde Cyclen dun als Afschloss géint d'Léierpersonal gespillt an d'Gewënner aus de Cyclen kruten, zum Schluss van engem schinge Moien, hire verdéinte Pokal iwwerreecht.

An hei sen d'Gewënner aus de verschiddene Cyclen:

Cycle 2:

FC Norden

(Klass van de Jofferen Danièle an Tessy)

Cycle 3:

Roude Léiw

(Klass van der Joffer Sophie)

Cycle 4:

FC Pomme

(Klass van de Schullmeesteren Pit an Gino)

Lasagne @Home van der Elterevereenigung

Ischte Chrëstmaart an der Ëlwenter Schull

⭐️ Feliz Navidad ⭐️

Mëttwochs den 20.12.2024 va 17 bis 20 Auer wor an der Schull den ischte Chrëstmaart. 

Dëst mat engem gruussen Erfollig 😎

Fotoën kannt der hei kucken:

Vizfest - 20.10.2023

E Fregdig den 20.10.2023 hatt d' Elterevereenigung eis op hirt Vizfest ageladen.

Et guffe vill verschidden Aktivitéiten fir eis Kanner agebuaden.

Et hatt jidderengem goud gefallen 😀

Tolles Buch!

E Mondig den 09.10.2023 wor d'Tina Kemnitz rem bei eis fir de Kanner verschidde flott Béicher ze weisen 😀

D'Tina Kemnitz hatt e flotten Internetsite opgebaut, de Buchfindomat, wu d'Kanner hiren Interessen no Béicher kanne fannen. Losst Är Kanner ruhig durrich dëse Site stöberen: https://www.buchfindomat.de/Start

Folgend Béicher guffen de verschiddene Cyclen firgestallt:

Cycle 2

Cycle 3

Cycle 4

Bonne rentrée

Mer wënschen all eise Schüler an Enseignanten eng erfolligräich Rentrée 2023-2024 😊

Materiallësten fir d'Rentrée 2023-2024

Hei fannt der d'Materiallësten fir d'Rentrée 2023-2024:

Materiallësten 2023-2024

Sching Vakanz!

Mer wënschen all eise Schüler eng sching Vakanz.

Genéisst et! 😎

De Schüler aus dem Cycle 4.2 wënsche mer alles Goudes op hirem neie Wee am Lycée!😊

Schullsportdag an Afschlossgrillen - 12.07.2023

Eise Schullsportdag hatt dëst Joër di letzt Schullwoch stattfonnt a guff mam Afschlossgrillen van der Elterevereenigung verbonnen. Nodeems eis Kanner de ganze Moien sportlich aktiv woren, konnten si sich dono mat goudem Gegrills rem stiärken. Dofir e gruusse Merci aan d'Elterevereenigung van Ëlwen. Nom Eessen gung dun di ganz Schull zesaamen an d'oppe Schwämm😎

Ganz vill verschidde Veräiner han hire Wee moies den 12. Juli op Ëlwen fonnt an han de Kanner hir Sportart gewisen: FC Racing vam Ëlwen, Taekwondo van Ëlwen, Pompjeeën van Ëlwen, Golf van Eselburren, Tennisclub van Ëlwen, BBC Les Sangliers va Woltz, CSN va Cliärref, Dëschtennis van Ëlwen, Archers du Nord van Ëlwen, Crossfit va Woltz an den Indiaca van Ëlwen. Hinnen all e ganz gruusse Merci😊

Theater vam Cycle 4 - 04.07 a 05.07.2023

Endlich, no 3 Joër Paus, konnt eise Cycle 4 dëst Joër rem sengt Theaterstéck "Meedercher vs. Jongen präsentéieren.

Et hatt jidderengem deen bedeeligt wor immens vill Spass gemat 😊

Mer son ewer o na Merci der Elterevereenigung fir hir Hëllef hannert dem Comptoir an dem NORTIC fir hir Hëllef bei der Technik.

Mer freien eis well op d'nächst Jor😎

Coupe scolaire - 16.06.2023

D'Kanner aus dem Cycle 4 konnten o dëst Joër rem bei bestem Wiädder d'Coupe scolaire fahren. Et hatt vill Spass gemat a mer son der Elterevereenigung MERCI fir di super Organisatioun! 😀

An d'Gewënner van der Coupe scolaire sen:

Cycle 4.1:

1te Präis: Alina Meyers

2te Präis: Tim Post

3te Präis: Sophie Simon

Cycle 4.2:

1te Präis: Yann Schmitz

2te Präis: Mett Bertemes

3te Präis: Elias Schintgen

Theater vam Cycle 4: Save the date

De Cycle 4 ass fru endlich rem kannen Theater op der gruusser Bühn ze spillen an ass scho fläissig am prouwen fir hir Optrëtter de 04.07.23 an de 05.07.23 😃

31.03.2023 - Äddi Bruna!

No ville Joren ass eis "Joffer Bruna" ant Pensioun gangen.

Bruna, mer wënschen der eng sching an erholsam Pensioun 

a soën der e ganz gruusse MERCI fir alles watts du

fir d'Ëlwenter Schull gemat has! 💕

03.02.2023 - Quizdag an der Ëlwenter Schull

Fregdes den 03.02.2023 hatt d'ganz Schull aan engem Quizdag deelgehollt. D'Klassen han sich entweder am Centre Culturel oder am Musiksall getraff a sen an engem Kahoot géinteneen agetrodden.

Et hatt richtig vill Spass gemat! 😀 

D'Gewënnerklassen han en Ausfluch op Husen an d'Schwämm gewonnen. 

Vizfest - 14.10.2022

Fregdes de 14.10.2022 hatt d'Elterevereenigung eis rem op hirt traditionnelt Vizfest invitéiert. All Klass ass um Vizfest passéiert an hinne guffe flott Aktivitéiten agebuaden. D'Kanner aus de Cyclen 1 an 2 ha Viz gepresst. D'Kanner aus dem Cycle 3 han aus engem Appel eent Monster gebastelt an d'Kanner aus dem Cycle 4 ha Wäffelcher gebaach an eent Schëff domat gebaut. 

Rentrée 2022-2023

Geschwënn ass et suwegt an d'Schull fänkt rem aan.

Hei an eisem Infoheft 2022-2023 fannt Der scho mol all di nigdig Informatiounen betreffend der Rentrée 😀

Schullfest 08.07.2022

Bei super Wiädder hatt d'Ëlwenter Schull an Zesamenarbicht mat der Elterevereenigung endlich rem op hirt traditionnellt Schullfest invitéiert.

D'Kanner konnte Stempele sammelen andeems se verschidde Spiller gemat han, su zum Beispill e gruussen Kleeterturrem ropklammen oder verschidden XXL Spiller (Djenga, Dart, Leitergolf, Vier gewinnt, asf.) man. De Kanner hir Stempelkaarten woren dementsprechend sier voll an dun kruten se en Entréesticket fir an d'oppe Schwämm.

Vill Kanner han sich o van hire Jofferen am Gesiit moole geloss oder han sich e Glitzertattoo man geloss. Zwëschendurrich ha mer eis ëmmer rem all am Amphitheater getroof fir verschidden Optrëtter ze kucken. Su haat de ganze Cycle 2 zum Beispill mat de Jofferen Ingrid a Michèle en Danz geübt. O d'Meedercher aus dem Cycle 4 ha gedanzt an Aline an Nick han e ganz flotten Turnoptrëtt gewisen. 

Mer haaten also eent ganz schingt a gelongent Fest                                                                                                             a freien eis well op datt nächst Schullfest😊

 

 

Ween sich ent Bild van eisem Schullfest well verschaafen, ka gären hei kucke gon:

Coupe scolaire 03.07.2022

E Fregdig den 3te Juli 2022 sen eis Kanner aus dem Cycle 4 d'Coupe scolaire gefahren. Et hatt vill Spass gemat a mer son der Elterevereenigung MERCI fir di super Organisatioun! 😀

An d'Gewënner van der dësjähriger Coupe scolaire sen:

Cycle 4.1:

1te Präis: Elias Schintgen

2te Präis: Aurélie Lemperez

3te Präis: Enya Schintgen

Cycle 4.2:

1te Präis: Anouk Reuland Dhur

2te Präis: Aline Mausen

3te Präis: Mbathio Dia Sokhna 

Béicherdeeg 2022

Hei fënnt een d'Detailer van alle Klassen:

Schullfest 2022

Endlich kanne mer rem all zesaamen eent SCHULLFEST feieren! ☺️

Notéiert eech well den Datum:

❗️Fregdes, den 8. Juli 2022 van 17.00 bis 21.00 Auer❗️

Mer schwamme fir d'Ukraine

An der Woch vam 21.03.2022 sen eis Kanner an hirem Schwammcours suvill Längten wi miiglich geschwommen a konnten dodropshën Spenden fir d'Ukraine sammelen. Fregdes den 01.04.2022 haate mer dun eis gruuss Scheckiwwerreechung um Foussballsterrain wu mer mat ganz vill Stolz der Caritas Lëtzebuerg 30.000€ konnten iwwerreechen.

 

Hei kannt Der Eech di verschidde Reportagen akucken:

RTL: https://play.rtl.lu/shows/lb/journal/episodes/r/3284717

Nordliicht: https://www.nordliicht.lu/programm/5338/hellef-fir-d-ukraine-vun-den-elwenter/

MERCI all de Lékt di zu dësem schinge Projet eppes bäigedroën han!😃

Adaptatioun van de Covidmesuren an der Schull / Adaptations des mesures Covid dans le domaine de l'éducation

Ënner folgendem Link fannt Der all d'Informatiounen vam MEN.

Sous le lien suivant vous trouvez toutes les informations du MEN.

25.02.2022: Mer feieren endlich rem Fasischt! 😀

Mer wore fru dëst Joër endlich rem kanne Fasischt ze feieren.

Hei fannt Der d'Fotoën van der Fasparty vam Cycle 2: 

Chrëstdag an der Ëlwenter Schull

Dëst Jor haate mer o rem e ganz schinge Chrëstbéimchen an eiser Schull.

D'Kanner han all ganz fläissig gehollef di passend Dekoratioun ze bastelen.🎄

Mer wënschen all eise Schüler an hire Familljen sching Chrëstdeeg

an e goude Rutsch an d'neit Jor 2022.🎉

CycleNEWS

Vergeesst net regelméissig bei d'CycleNEWS kucken ze gon. Hei posten d'Jofferen an d'Schullmeesteren ëmmer rem Fotoën an o Arbichten van hire Klassen.😃

Vizfest - 29.10.2021

Fregdes den 29.10.2021 hat d'Elterevereenigung eis endlich rem däerften op ent Vizfest aladen. Mer han eis richtig dodriwwer gefreit a soën hinnen en décke Merci! 😀

D'Kanner aus de Cyclen 1 an 2 ha Viz gemat, d'Kanner aus dem Cycle 3 han Äppelkompott gemat an d'Kanner aus dem Cycle 4 ha Seefen mat Appelgeroch gemat. Mhmmm 😀

Tolles Buch! Buchempfehlungsshow vam Tina Kemnitz

De letzte Fregdig de 15.10.2021 haate mer d'Tina Kemnitz invitéiert

fir eis fir all Cycle verschidde flott Béicher firzestellen.

D'Kanner an d'Léierpersonal wore begeistert! 😀

Folgend Béicher guffen de Kanner aus de verschiddene Cyclen firgestallt:

                         Cycle 2:                                                           Cycle 3:                                                          Cycle 4:

Rentrée 2021-2022

Hei fannt Der eist Infoheft fir d'Rentrée 2021-2022:

Mer wënschen all eise Schüler eng goud Rentrée a mer freien eis eech remzegeseen ☺️

Sching Vakanz!

Mer wënschen all eise Schüler eng sching gruuss Vakanz. Erhualt eech goud a kommt am September gesond a monter zréck! 😀

De Kanner aus dem Cycle 4.2 wënsche mer vill Erfollig op hirem wegdere Wee am Lycée. Mer haaten hinnen dëst Jor de läste Schulldag eng kleng Afschlossparty organiséiert, wu all Kand e Kado (en T-Shirt an e Rucksack) krut.

Coupe scolaire - 10.06.2021

Dëst Joër konnten eis Kanner aus dem Cycle 4 endlich rem eng Coupe scolaire fahren, dëst ënnert dem Anhalen van de Coronamesuren. No ville Wochen Virbereedung an der Schull hatt d'Elterevereenigung eis dun den 10.06.2021 ageladen fir aan der Coupe scolaire deelzehualen. Mer se stolz op all eis Kanner di matgefahre sen!😊

 

 

An d'Gewënner van dësem Jor sen:

Cycle 4.1:

1. Präis: Fränz Simon

2. Präis: Inaya Bixhain

3. Präis: Anouk Reuland

Cycle 4.2:

1. Präis: Eenie Leonard

2. Präis: Lara Lemperez

3. Präis: Romy Thelen

Schnelltester an der Schull / Autotests à l'école

Ënnert folgendem Link fënnt een Informatiounen

a Videoën vam Ministère zu de Schnelltester:

"Lasagne@home" van der Elterevereenigung

Informatioun van der Schullkommissioun

Generalversammlung van der Elterevereenegung

Well d'Elterevereenegung hir Generalversammlung am November net aafhale konnt, invitéieren si Eech lo ganz häerzlich dësen Donnesdig den 25.02.2021 via Videokonferenz op Teams. Sot wgl. Bescheed op Der kannt dobäi sen op troisvierges@ape.lu

Comme l'association des parents n'a pas pu faire son assemblée générale en mois de novembre, ils vous y invitent ce jeudi le 25.02.2021 via vidéo conférence sur Teams. Veuillez annoncer votre présence à la réunion par email sur troisvierges@ape.lu

Orde du jour:

1. Begréissung vun der Präsidentin.
2. Rapport vun den Aktivitéiten / Sektretär.
3. Rapport vun der Kees / Trésorière.
4. Rapport vun den 2 Keesserevisoren.
5. Décharge vum Comité.
6. Austriedend Memberen, nei Memberen.
7. Fixatioun vun der Kotisatioun 2021/2022.
8. Divers.

Et muss ee keen Teams han fir kannen deelzehualen, hei wegder Erklärungen dozou:

https://support.microsoft.com/de-de/office/teilnehmen-an-einer-besprechung-ohne-ein-teams-konto-c6efc38f-4e03-4e79-b28f-e65a4c039508

Hei de Link fir d'Videokonferenz:

Reouverture van de Schullen

Reouverture van de Schullen den 22.02.2021: 

Méi Sécherheet a Mesurë fir d'Wuelbefanne vu Kanner a Jonken

Réouverture des écoles le 22.02.2021 :

Plus de sécurité et des mesures dans l'intérêt du bien-être des enfants et des jeunes

Eis Schull bei schingem Wanterwiädder 😀

Mer wënschen eng sching Vakanz!

Mer wënschen all eise Schüler an hire Familljen sching Chrëstdeeg an e goude Rutsch an d'Jor 2021!🎄

De Kleeschen kënnt!

De Kleeschen ass e Fregdig den 4. Dezember, an Zesaamenarbicht mat der Elterevereenigung, an de Centre Culturel kommen. D'Klasse van de Cylcen 1 an 2 sen noeneen bei de Kleeschen kommen an han him gesongen a Gedichter opgesoot. Mer wore fru, datt mer trotz der aktueller Situatioun, Besuch vam Kleeschen kruten. ☺️

Dëst Joër hatt de Kleeschen ewer net nëmmen aan d'Kanner aus de Cyclen 1 an 2 gedait, mee o d'Kanner aus de Cyclen 3 a 4 haaten e Mondig de 7. Dezember eng kleng Iwwerraschung op hire Bänke ston.

Mer son MERCI! 😃

Adaptatioun van de Mesuren an de Schullen

Léif Elteren, léif Schüler, 

Nodeems d'Regierung nei Mesurë um nationalen Niveau gehollt hatt, hatt o den Educatiounsministère eng Rei Adaptatiounen aam aktuelle sanitäre Konzept an de Schulle virgehollt. Dës triädden den 30. November a Kraaft a gëllen virleefig bis d'Chrëschtvakanz.

Op folgendem Link fannt Der zousätzlich Informatiounen an e Videomessage vam Educatiounsminister Claude Meisch: 

http://links.comgouv.lu/nl2/xz9kx/0spl.html?m=AU0AABdRd7UAAAACG14AAAS4W0AAAAAAXWwAADr-ABKJKQBfvqINANcno384QEiOER5LA0uUSwAGzXk&b=804091ee&e=2c088a82&x=u0CrX1a0WxfrnNTe_m17bQ

Adaptation des mesures dans les écoles

Chers  parents, chers élèves,

Après la décision du gouvernement de la mise en place de nouvelles mesures au niveau national, le ministère de l'Éducation nationale a aussi déterminé un certain nombre d’adaptations au niveau du concept sanitaire dans les écoles, qui s’appliqueront à partir du 30 novembre jusqu’aux vacances de Noël.

Veuilez trouver sur ce link plus d'informations ainsi qu'un message vidéo du ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse Claude Meisch:

http://links.comgouv.lu/nl2/xz9kx/0spl.html?m=AU0AABdRd7UAAAACG14AAAS4W0AAAAAAXWwAADr-ABKJKQBfvqINANcno384QEiOER5LA0uUSwAGzXk&b=804091ee&e=2c088a82&x=u0CrX1a0WxfrnNTe_m17bQ

Rentrée: Et ass suwegt!

Op Wonsch vam Schäffen- a Gemengerot han d'Kanner van de Cyclen 3.2 a 4.2 super Panneauen gemolt, déi lo laanst d'Strooss am Agank van Ëlwen stin. Merci deenen zwu Klassen! Mer wënschen außerdem alle Schüler aus eiser Schull eng goud an erfolligräich Rentrée 2020! ☺️

Informatiounsbréif betreffend d'Rentrée 2020-2021

Fiche de renseignements confidentiels 2020-2021

Hei fannt der eis "fiche de renseignements confidentiels" di am August mat der Post kommen ass. Dëse Formulaire sollt der den 15. September bei der Joffer oder dem Schullmeester van ärem Kand aafgiänn. Hei kann een sich en na eng Kéier rausdrucken, falls e verluaren gangen ass:

Fiche de renseignements confidentiels 2020-2021

Schoul doheem 2020

Am Kader van den Nohëllefscoursen di de Ministère dëse Summer organiséiert hat, fannt der de Moment op https://schouldoheem.lu/lu ganz interessant Lier- an Übungsmaterialien fir all Cycle, di a Form van Dossieren opgeschafft guffen. Dës kannen d’Schüler doheem oder an der Vakanz benotze fir aleng oder zesamme mat hiren Elteren ze lieren. D'Kanner musse sich heifir just mat hirem IAM Login aloggen, deen se van hirer Joffer oder hirem Schullmeesten kruten.

Materiallësten Rentrée 2020-2021

Hei fannt der d'Materiallësten fir d'Rentrée 2020-2021:

Materiallësten 2020-2021

Infoheftchen Rentrée 2020-2021

Hei fannt der eist Informatiounsheftchen mat allen Informatiounen

zur d'Rentrée 2020-2021. 

27.08.2020 - Eis nei Homepage hëllt suluas Form aan!

Wëllkomm op der Homepage van der Ëlwenter Schull.

©2025 Elwenter Schull • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.
Fir d'News van de Cyclen ze liäsen, einfach op "Cycle News" klicken.
"Zesamen ha mer all vill Spaass, zesame gi mer décke Gas, zesamen ha mer ganz vill Freed, zesamen - fir datt et eis gutt geet."
spacer
Juin
30
Lundi
Interessant Links:
spacer