logo

Ma classe - Blog

Parkour!!!

13. mai 2022

Esou lues a lues klappen d'Basics an e gëtt ëmmer méi flott!

Parkour - éischt Session fir d'4. Schouljoer

6. mai 2022

Mega Wieder fir eis éischt Parkour-Session mam 4. Schouljoer. Mir probéieren elo all Woch d'3. an d'4. Schouljoer ofzewiesselen.

1.Parkour-Session

29. avril 2022

Mir hu vum gudde Wieder profitéiert an am Sport mat engem Deel vun der Klass Parkour gemaach. Top Asaz!

Cut!

11. mars 2022

Haut ass Action ugesot. Mat professionneller Hëllef vu Mimamu&Makedra gëtt haut an der Schoul gefilmt. Den Text, deen d'Kanner selwer vun enger Geschicht vum Petit Nicolas op eis Situatioun ugepasst hunn, gouf déi lescht Wochen ëmmer méi intensiv geübt. Elo mussen d'Kanner weisen, dass si mat der Opreegung eens ginn. Dat klappt tiptop! 

Mir si gespaant op de fäerdege Film! 

Pêche aux phrases

26. janvier 2022

Eent vun eise Léierspiller um Mëttwoch Mëtten! Mir fëschen eenzel Elementer vun engem Saz a schreiwen de fäerdeche Saz an d'Heft. D'Wierder sinn aus dem Vokabulär vum Franséischbuch. Trainéiert gëtt: Sazbau, Conjugaison, Prépositions, Vocabulaire. Vill wëssenschaftlech Studien beleeën, wéi wichteg Bewegung fir d'Léieren ass.

élèves

Enseignant(e)s

©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.