logo

Eng nei Magie

Enges Dags am Joer 400 leeft en Alien am Stadpark ronderëm, well et eppes sicht. Et rennt géint mech an léisst eppes falen. Direkt an dësem Moment koum den Icy. Do hunn ech geruff: „Stop Icy! D'Alien ass léif!!" D'klengt Alien kuckt op mech an entschëllegt sech. Et sot: „Pardon, ech heeschen Alie Alien." Réischt do hunn ech dem Alie seng Hexenkugel gesinn. Ech hunn se opgehuewen an hunn se awer gläich drop rëm falen gelooss. Ech sinn kuerz geschwieft. Dann sinn ech direkt rëm rof gefall. „Et huet fonktionnéiert!", huet d'Alie geruff. „Wat? Wat huet fonktionnéiert?", hunn ech hatt gefrot. „Ma meng Hexenkugel. Wann een se upéckt, kann een zauberen an et huet een e Wonsch fräi. Lass, wënsch der eppes! Och ideell Wënsch kënnen wouer ginn. Lass, lass, lass!", huet d'Alie geruff. „Dann wënschen ech mer, dass all Wënsch der Welt Wourecht ginn.", sot ech. Do geschitt et. Iwwerall wou een hikuckt fénkelen rosa Stäeren. Op eemol reent et Séiβes. Dann net méi. Iwwerall tauchen Welten op, et liicht an fénkelt... an all Wënsch der Welt ginn wouer. Ech konnt zauberen an hat eng eegen, wonnerschéin, rosa,... Hexenkugel. Ech gouf een vun den 3 Geheimen. Dat hunn ech am Coolsten fonnt. Den Anti, d'Lila, den Kelen, den Antonio, d'Helia an déi 2 aner Geheim hunn alles matkritt, mee natierlech dat mat der Wënscherei. Ech hunn déi 2 aner Geheim ugekuckt an mir sinn bleech am Gesiicht ginn. Ech sinn bei si gaangen an mir hu gemierkt, dass mir e Geheimnis missten beschwätzen. Wou mir mat der Flüsterei fäerdeg waren, haten mir eis gäeren.

ENDE 💗💜❤️💕💖

- 29. septembre 2021
©2025 Ecole Ehlerange • InfoPrivacy PolicyTermsCookie SettingsContact
Dëse Website gouf mam School Web Manager op Oli.education.lu gemaach.