PDS (Plan de développement scolaire)
Zesumme stäerke mir d'Motivatioun an d'Kooperatioun vun eis all.
Esou schafe mir ee Klima vu Respekt a Wuelbefannen.
Aus der Auswäertung vun de Questionnaire vun de Kanner an den Elteren huet de Schoulcomité, zesumme mam Léierpersonal, an an enker Zesummenaarbecht mat den Elterevertrieder an dem Personal aus der Maison Relais, d'Ziler an d'Aktiounen definéiert, fir d'Visioun vun der Schoul ze erreechen:
1. Förderung vum positive Schoulklima
2. Förderung vun der Zesummenaarbecht tëscht den Enseignanten
3. Optiméierung vun Appui an Assistance
Während dem Schouljoer 2018-2019 gëtt d'Zil 1 prioritär behandelt.
__________________________________________________________