I-EBS

Den I-EBS ass zoustänneg fir den Encadrement vu Kanner mat Léier- a Verhalensschwieregkeeten. Hie schafft an enger inklusiver Approche innerhalb vun der Schoul a betreit an ënnerstëtzt d'Kanner an hire Klassen. Den I-EBS beréit d'Enseignanten a concertéiert sech mat de pädagogeschen Equippen. Hien ass Kontaktpersoun tëschend der Schoul, den Elteren an der Commission d'inclusion op regionalem Niveau.
I-EBS an der Schoul zu Konsdref ass d'Madame Schmit-Groben Myriam.