D'Schoulkommissioun vun der Beeforter Grondschoul
Dat neit Schoulgesetz vum 6. Februar 2009, iwert d'Organisatioun vun der Grondschoul, regelt d'Zesummesetzung, de Fonktionnement an d'Missioune vun der Schoulkommissioun.
D'Schoulkommissioun ass ee berodend Organ vum Gemengerot a soll d'Zesummenaarbecht zwëschen de Verantwortleche vum Staat a vun der Gemeng, dem Schoulpersonal an den Eltere vun de Schoulkanner uregen a koordinéieren.
D'Schoulkommissioun versammelt séch wéinstens eemol pro Trimester, an zu hire Missioune gehéieren ënnert anerem:
- Een Avis ze schreiwen zu der Schoulorganisatioun, zu dem Schoulbudget an zu dem "plan de réussite scolaire", sou wéi och hir Ëmsetzung ze verfollegen.
- De Schäfferot iwert de Schoulaldag um Lafenden ze halen an hien op Probleemer am Schoulbetrib opmierksam ze maachen.
- Bei der Iwwerwaachung an der Organisatioun vun de Schoulgebeier ze hëllefen.
- Déi ausserschoulesch Betreiungsaktivitéiten ze begleeden an d'Zesummenaarbecht vun deene verschiddenen engagéierte Partner ze förderen.
D'Zesummesetzung vun der Schoulkommissioun:
- Camille HOFFMANN (Président)
- Sandra DROUET
- Steve RIPPINGER
- Nico NIGGEL
- Patrick SCHMITZ
- Monique KUIJPERS
- Mireille WEBER
- Jos NERANCIC (Secrétaire)
Zwee Vertrieder vum Schoulcomité:
- Lynn HEISCHBOURG
- Betty HELMINGER