Mir hunn haut vum Wieder profitéiert an hunn dobaussen e puer Parkour-Übunge gemaaach. Déi lescht fënnef Minuten huet et ugefaang e bësse frësch ze ginn. Dat war deemno gudden Timing. ?
Hei sinn e puer Impressiounen vun de Léierspiller mëttwoch mëttes. Déi lescht zwou Woche war et virun allem Ein-mal-eins a Rechegesetzer. Op eng spillerech Aart a Weis ginn d'Mol-Reihen an d'Rechegsetzer (Punkt- vor Strichrechnung) widderholl.
En anert Spill ass de Reihen-Tic-Tac-Toe. Et muss een der dräi an eng Rei kréien. Allerdings net einfach traditionnell Kräizer a Rondelen, mee d'Zuele vun enger Mol-Rei. Opgepasst! Wann een eng falsch Zuel schreift huet de Matspiller gewonn!
Mir hunn och Wierder mat engem bestëmmten Buchstaw gesicht an et sinn nach e puer Biller dovun, wéi mer an der Klass franséisch Sätz mat de Billerkäertercher gebaut hunn. Fir d'éischt mëndlech an duerno schrëftlech.
De BookCreator hu mer eis ugekuckt. Ech mengen, do stécht vill Potenzial fir pädagogesch sënnvoll Aktivitéiten dran.
You chose not to trust cookies on this website, which means that some features may not be available or operational.
If you'd like to enable cookies for this site,
then go to the Cookie Policy tab in the lower left corner of the screen and press the yellow "accept cookies" button.
Thank you.