logo

Meng Klass - Blog

Kee Klotere méi

27. November 2020

Leider kënne mer net méi klamme goen. Dofir si mer de Moien e flotten Tour trëppele gaangen. Et war e bësse frësch, mee ganz flott. Ennerwee hu mer e puer Plaze fonnt, wou et glat war. Fir verschidde Kanner war et déi éischte Kéier op enger Schläich!

Mir ginn erem kloteren!

18. November 2020

Et ass erem esou wäit. D'Kanner aus dem C3.2 aus eiser Klass ginn freides an den RedRockClimbingCenter op de Scheierhaff kloteren. Lues a lues léiere mer wéi ee sech op enger Kloterwand beweegt an op wat mer mussen oppassen, fir dass kee sech verletzt. Sécherheet geet vir! Elo schon e grousse Merci un d'Personal vun der Maison Relais, dat eis ënnerstëtzt.

Kloteren

14. Februar 2020

Esou lues a lues gi mer gutt mam Sécheren eens a jidfereen sicht sech seng Erausfuerderungen. Déi eng klamme méi héich wéi d'lescht Kéier, déi aner siche sech méi schwiereg Routen. Bis Ouschtere gi mer elo all Mëttwoch Mëtten. Top!

Kloteren - the next level

11. Februar 2020

Esou lues a lues gëtt jidfereen eens. Verschiddener musse nach hier Angscht iwwwerwannen, mee dat kënnt och lues a lues. No dem Opwiermen mat verschiddene Spillercher, kommen der ëmmer méi bis ganz uewen un d'Wand. D'Séchere klappt och ëmmer besser/ëmmer méi automatesch. 

Quizlet - Mir léiere spillerech an digital

11. Februar 2020

Eng immens motivant Méiglechkeet fir verschidde Saachen ze léieren.

Kuerz Erklärung: Et gëtt a Gruppe vun dräi oder véier Kanner geschafft. All Grupp kritt eng Angab a muss d'Erklärung dozou uklicken (oder ëmgedréint). Den Trick bei der Saach ass, dass just ee Kand aus der Grupp déi richteg Äntwert huet. D'Kanner musse sech ofschwätzen, allerdings dierfe se dat net virun engem Ecran maachen. Esou gëtt verhënnert, dass ee "staarke" Schüler einfach den Tour mécht, ukräizt an déi aner Kanner aus der Ekipp näischt maachen. Bei all richteger Äntwert, geet de Balken vun der Grupp a bësse weider Richtung Zil. Opgepasst! bei enger falscher Äntwert fällt déi ganz Grupp zréck op Null...

Mir hu bis elo e puer verschidde Saachen esou am Franséiche beschafft: Vokabelen, Accord'en vum Participe Passé beim Passé Composé, Biller mat klenge Säzt verbannen.

Firwat ass dës Aart a Weis ze schaffen interessant?

D'Kanner sinn all aktiv. Si mussen an der Grupp zesummeschaffen. Si musse genee liesen/kucken, well verschidde Léisunge sech ganz ähnlech sinn. Et ass wichteg ze iwwerleeën, ier eppes ugekräizt gëtt! Klengegkeete wéi Accord'en ginn wouer- a wichteggeholl, well wann et falsch ass, fällt d'Grupp zréck op Null. D'Kommunikatioun an der Grupp ass wichteg a gëtt gefërdert.

D'Kanner si begeeschtert a léieren séier bäi. Ech hu nachnet oft gesinn, dass Kanner sech esou iwwer e korrekten Accord beim Passé Composé gefreet hunn. ?

 

©2020 Ecole Ehlerange • PrivacyTermsContact
Dëse Website gouf mam Schoul Web Manager op oli.education.lu gemaach.
Wëlls du däin eegene gratis Schoulwebsite opmaachen? Fänk elo un!