Hei sinn 2 Videoën zum Text "Ein besonderer Acker". Am éischte Video liesen ech den Text vir an ech versichen déi wichtegst Saachen ze erklären. Am zweete Video liesen ech den Text einfach, do kënnt dir also mattliesen. Vill Spaass 😀
Science Center
12. Dezember 2019
Haut war de Cycle 2 an de Science Center. Mir si mat ëffentlechen Transport (Zuch a Bus) gefuer. D'Kanner konnte vill Saache selwer probéieren, an duerno hu mer nach eng Elektro-Show gesinn.