Eng immens motivant Méiglechkeet fir verschidde Saachen ze léieren.
Kuerz Erklärung: Et gëtt a Gruppe vun dräi oder véier Kanner geschafft. All Grupp kritt eng Angab a muss d'Erklärung dozou uklicken (oder ëmgedréint). Den Trick bei der Saach ass, dass just ee Kand aus der Grupp déi richteg Äntwert huet. D'Kanner musse sech ofschwätzen, allerdings dierfe se dat net virun engem Ecran maachen. Esou gëtt verhënnert, dass ee "staarke" Schüler einfach den Tour mécht, ukräizt an déi aner Kanner aus der Ekipp näischt maachen. Bei all richteger Äntwert, geet de Balken vun der Grupp a bësse weider Richtung Zil. Opgepasst! bei enger falscher Äntwert fällt déi ganz Grupp zréck op Null...
Mir hu bis elo e puer verschidde Saachen esou am Franséiche beschafft: Vokabelen, Accord'en vum Participe Passé beim Passé Composé, Biller mat klenge Säzt verbannen.
Firwat ass dës Aart a Weis ze schaffen interessant?
D'Kanner sinn all aktiv. Si mussen an der Grupp zesummeschaffen. Si musse genee liesen/kucken, well verschidde Léisunge sech ganz ähnlech sinn. Et ass wichteg ze iwwerleeën, ier eppes ugekräizt gëtt! Klengegkeete wéi Accord'en ginn wouer- a wichteggeholl, well wann et falsch ass, fällt d'Grupp zréck op Null. D'Kommunikatioun an der Grupp ass wichteg a gëtt gefërdert.
D'Kanner si begeeschtert a léieren séier bäi. Ech hu nachnet oft gesinn, dass Kanner sech esou iwwer e korrekten Accord beim Passé Composé gefreet hunn. ?