Haut ass Action ugesot. Mat professionneller Hëllef vu Mimamu&Makedra gëtt haut an der Schoul gefilmt. Den Text, deen d'Kanner selwer vun enger Geschicht vum Petit Nicolas op eis Situatioun ugepasst hunn, gouf déi lescht Wochen ëmmer méi intensiv geübt. Elo mussen d'Kanner weisen, dass si mat der Opreegung eens ginn. Dat klappt tiptop!
Mir si gespaant op de fäerdege Film!