logo

Wanterfest

13. Dezember 2017

E Mëttwoch den 13. Dezember war eist Wanterfest, dës Kéier déi éischte Kéier bei der Schoul selwer mat Raclette, Kniddelen a Winter Jack. Leider hate mer ganz schlecht Wieder, et huet gereent an et war kal, sou dass kee richtege Wanterfeeling opkomm ass.

Visite Science Center Differdange

30. November 2017

En Donneschdeg war de Cycle 2 am Science Center zu Déifferdeng, wou mer ganz vill experimentéiere konnten a wou mer vill iwwer Elektrizitéit a Magnetismus geléiert hunn.

A Schmatten!

29. November 2017

Den 29. November ware mer op de pädagogesche Bauerenhaff "A Schmatten". Thema: Mëllech a Botter.

Schoul dekoréieren

14. November 2017

Dëst Schouljoer schaffe mer am Bastelatelier Freides Mëttes rëm un eiser Schoul. Kanner aus alle Cycles bastelen Deko-Material aus Holz no hiren eegenen Iddien, während e puer Kanner aus dem C3 an C4 gläichzäiteg d'Maueren vun de Klassesäll a vum Gank nei usträichen.

1 mal 1

17. Oktober 2017

Mir hunn ugefaang d'1-mal-1 ze widderhuelen, dat maache mer net just duerch "béchsen", mee och ganz konkret, hei hu mer Reien-Dännebeemercher zesumegeluecht. Ganz super: nodeems mueres eng Grupp vun dräi Kanner ugefaang hat, huet nomëttes fräiwëlleg (bal) jidferee matgemaach. Si ware ganz konzentréiert bei der Saach, och wann (oder grad well?) se vill an haart matenee geschwat hunn.

©2017 Ecole Ehlerange
Dëse Website gouf mam Schoul Web Manager op oli.education.lu gemaach.
Wëlls du däin eegene gratis Schoulwebsite opmaachen? Fänk elo un!
Wichteg Terminer
Wanterfest
Mëttwoch, 13.12.2017 ab 16:00 am Schoulhaff
Schoulfest
steet nach net fest
Ausfluch
steet nach net fest
Ecole Ehlerange
15a rue de Mondercange
4381 Ehlerange
Luxembourg
Tel: +352 55 68 34
Schüler-Produktiounen

D'Texter aus de Cycles 2, 3 a 4 fënns de hei online:

Der Rubin
12. Dezember um 17:40
Loris (Cycle 2)
Science Center
11. Dezember um 11:00
Tiago (Cycle 2)
Im Science Center
11. Dezember um 9:25
Fabiano (Cycle 2)
Im Science Center
8. Dezember um 12:03
Cynthia (Cycle 2)
Science Center
8. Dezember um 11:22
Luka (Cycle 2)
Science Center
8. Dezember um 9:24
Ruben (Cycle 2)
Der Pinguin
8. Dezember um 9:13
Mateo (Cycle 2)
Die Robben
8. Dezember um 9:11
Fabiano (Cycle 2)
Im Science Center
8. Dezember um 9:07
Max (Cycle 2)
Der Igel
8. Dezember um 8:40
Loris (Cycle 2)
spacer